Inauguration Maison Relais et Hall Sportif
De Campus Fräschepillchen huet seng 2 lescht Puzzle Stécker grad fonnt. Et ass elo kee Puzzle méi, mee eng Realitéit. Een Duerfkär mat allen Facilitéiten déi engem an de Kapp kommen : Ausbildung a Kannerbetreiung, -Sport, -Kultur, -Famill .
Entdeckt eis nei Sportshal an déi nei Maison Relais.
De 15. September gouf dat neit Gebai ageweit
Déi Eller Gemeng hat déi grouss Freed déi nei Sportshal an déi nei Maison Relais anzeweien. Memberen aus der Regierung, Lokalpolitiker vun den Nopeschgemengen, all déi Persounen wou um Projet bedeelegt waren, zesumme mat den Awunner aus der Gemeng Ell kruten d'Geleeënheet d' Gebai ze entdecken. No dem Rondgang ass déi feierlech Zeremonie an der Sportshal ofgehale ginn. D' Feier gouf clôturéiert bei engem gudde Patt an engem leckere Maufel am Centre Camille Ney.


Découvrez notre nouveau Hall Sportif et la nouvelle Maison Relais.
Découvrez la nouvelle maison relais, le nouveau hall sportif et le centre entier du village Ell dans une nouvelle perspective.
D' Bauaarbechten am Schnell-Duerchlaf



