2017-03-01 Aktuelles aus dem Klimateam

D’ Klimateam Ell begréisst den Engagement vun der Gemeng fir d’ Gemengegebaier zukünfteg mat enger zentraler Holzhack-Schnëtzel-Anlag ze hëtzen. Dëst verbessert eis CO2 Bilanz natierlech immens. Déi gewielten Anlag, déi vun Juni un schonns operationell wäert sinn, entsprécht dem Stand vun der Technik vun haut, wat natierlech immens wichteg ass wéinst der „Feinstaub“-Thematik. All Maximalwäerter gi bei wäitem agehale, wann alles funktionéiert, wéi et virgesinn ass. 

 Erneierbar Energien an der Eller Gemeng

D’ Klimateam, zesumme mam Syndicat d’ Initiative vun der Gemeng Ell, wäerten nees hëllefen d’ Kolpecher Schlassfest ze organiséieren. Hei geet et an éischter Linn fir Ëffentlechkeetsaarbicht ze maachen, mir probéieren d’ Leit zu engem anere Konsum ze animéieren. Konsum ass zwar am Allgemengen nit nohalteg, mee duerch de Choix beim Akafe kann een awer de Foussofdrock beaflossen. Mir wëllen och nit jugéieren wat wéi nohalteg ass, mee d’ Leit einfach waakreg rëselen, fir selwer dës Jugementer ze maachen. Mat dem „Foussofdrock“ menge mir nit nëmmen, wéi ëmweltfrëndlech d’ Produkt, respektiv seng Produktioun ass, mee och wéi d’Aarbichtsbedingunge sinn. Mir wëssen a soen, dass Produkter méiglechst regional solle sinn (Natierlech geet dat nit vun haut op muer, a wahrscheinlech ni an alle Beräicher).

 

Am Beräich vum Klimapakt wäerte mir méi staark an Zukunft d’ Evolutioun vun eisem eegenen Energie -konsum publizéieren, obwuel mir nit zefridde mat der Evolutioun sinn, déi a verschidde Gebaier no uewen amplaz de Bierg erof geet. Bei dem Constat soll een och nit de Kapp hänke loossen, an de Problem ugräifen. Mir wëllen natierlech och, dass méiglechst vill Bierger mat upaken an hir Haiser bescht méiglechst energetesch renovéieren an erneierbar Energienselwer produzéieren, wéi zum Beispill duerch eng eege Photovoltaïque-Anlag oder an enger Energiekooperativ deelhuelen. Mir hunn déi grouss Daachfläche mat gudder Ausriichtung identifizéiert a wäerte mat de jeeweilege Besëtzer iwwer méiglech Projete schwätzen.

 

Denkt och drun dass den Energie-Atelier vu Réiden Iech gratis beréit an Iech och Subside fir Apparater wéi Heizungspompelen oder spuersam Elektroapparater ubitt. (http://www.ksm.lu)

 

Ee Punkt dee leider vu villen Installateuren nit ugebuede gëtt, wëll dat néidegt Wëssen a ville Firme feelt, ass den hydrauleschen Ofgläich vun den Heizkierper. Hei geet et ëm ee ganz einfacht Prinzip, nämlech dass d’ Waasser sech ëmmer de Wee vun dem geréngste Widderstand aussicht. Dëst bréngt mat sech, dass déi Heizkierper, déi méi no bei der Chaudière sinn, méi Duerchfloss

hunn, wéi zum Beispill den Heizkierper um 1. Stack ganz hannen. Dat bréngt als negativ Konsequenz direkt 2 Problemer, an zwar, dass et méi schwéier ass fir d’ Heizkierper gläichzäiteg gläich ze erwiermen, an zweetens ass de Récklaf dann oft ze waarm, wat nees nit gutt fir de Wierkungsgrad vun der Heizung ass. 

Sou een Ofgläich ass fir spezialiséiert Firmen kee grousse Problem. Et gëtt als éischt eng Berechnung (berechent gëtt, wéi grouss déi eenzel Zëmmer sinn, wéi waarm et soll sinn, wéi staark déi verbauten Heizkierper sinn an natierlech wéi déi raimlech Distanz an den hydraulesche Widderstand ass, deen d’ Waasser muss zréckleeë bis an den Heizkierper ). 

Da "späizt" ee spezielle Programm d’ Astellungen aus , déi déi eenzel Heizkierper sollen hunn. Verstoppt ënner dem Kapp vum Thermostat hunn déi meescht aktuell Heizkierper ee Riedchen, wou dës Virastellung ka getätegt ginn. Falls dat nach nit méiglech ass, muss d’ Heizungsventil mat gewiesselt ginn, wat och kee schrecklech groussen Agrëff ass.