» Home » KulturELLes » Konscht a Kënschtler

Konscht a Kënschtler

Ouni Zweifel hu mir eng Rei Kënschtler an der Gemeng, allerdings sinn se oft ze bescheiden  fir sech als Kënschtler auszeginn.

Vu dass den Austausch fir ee Kënschtler mat de Bierger oder anere Kënschtler mat Secherheet flott a fruchtbar ass, biede mir d'Kënschtler aus der Gemeng sech dach ze mellen a firwat nit och e puer flott Biller vun äre Wierker matzeginn.

 

Hei déi NIT KOMPLETT Lëscht vun deene wou mir wëssen

  • Fetler Marc
    Skuplturen aus Holz an aus Steen, Allméiglech Spillsaachen aus Holz asw (Quiesch duerch eis Gemeng sinn Wierker vun him ze bewonneren, och an der Entrée vun der Gemeng)

  • Knoerr Claude
    Airbrush an Design (Am Centre Camille Ney könnt dir e puer vu senge Wierker bewonneren)

  • Thill Fréderic
    Molen vun abstrakten Toilen (Am Sëtzungssall vum Conseil ass ee flott Wierk vun him un der Mauer)
  • Broch Annick
    Zeechnen (den neie Logo vun der Maison Relais Ell staamt vun hir)
Imprimer | PDF | Envoyer