Campagne Unicef 13/01/2020 - 18/01/2020
Unicef Lëtzebuerg informéiert, dass eng Campagne vun hinnen des Woch bei eis an der Gemeng stattfënnt.
Bei dëser Campagne ginn hir Equippen bei d’ Leit heem schellen, fir se iwwert d’ Aarbecht vun UNICEF ze informéieren a fir hinnen d’ Geleeënheet ze ginn sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun hirer Organisatioun ze ginn.
Hir Leit si vun Méindes de 13/01 bis Samschdes, den 18/01 an der Gemeng ënnerwee.
Se huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen. Et geet, wéi gesot drëm d’Leit z’informéieren a reegelméisseg Donateuren ze rekrutéieren iwwert de Wee vun enger Inscriptioun iwwer iPad. Doriwwer eraus kënnen se sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat dem Numm a Logo vun der Unicef.
Unicef Luxembourg nous informe qu'une campagne aura lieu cette semaine dans notre commune. La campagne aura lieu du 13 janvier au 18 janvier. Les gens que vous allez rencontrer, ne vont pas accepter de l'argent "liquide", ils vont collecter les informations des futurs donateurs via tablette. Les personnes sont munies d'un badge et leurs habits portent le logo de l'Unicef.
Mir hunn och d’Police iwwert eis Campagne informéiert.
UNICEF Luxembourg
6, rue Adolphe Fischer | L-1520 Luxembourg
Tél. : +352 44 87 15 – 22 | Email : mbeck@unicef.lu
Suivez-nous sur Facebook, Instagram, Twitter, YouTube, unicef.lu




