Scheck Iwwerreechung 2018
Den 19. Dezember 2018 war et nees un der Scheck Iwwerreechung u verschidden Organisatiounen. Et ass dem Gemengerot eng grouss Éier fir hiren onermiddlechen Asaz ze honoréieren an ze ënnerstëtzen. Dëst Joer sinn d' Donen u folgend Organisatiounen gaang: Plooschter Projet, Friendship Luxembourg, ASA asbl "E Stopp fir de Mupp" an SOS Faim Luxembourg.
Een Don an der Héicht vun 1000€ huet de Buergermeeschter, Armand Schuh, der Madamm Brever vum Plooschter Projet iwwerreecht.
http://www.plooschterprojet.com/

Den Här Elvinger vu Friendship Luxembourg krut eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1360€, den Erléis vun Nationalfeierdag.
https://friendship.ngo/luxembourg/

D' Madamm Nash vun der ASA asbl "E Stopp fir de Mupp" krut ee Scheck an der Héicht vun 1000€ iwwerreecht.

An ee leschten, awer dofir och kee schlechte, Scheck an der Héicht vun 2000€, huet den Här Buergermeeschter dierfen der ONG SOS Faim Luxembourg iwwerreechen.


