Scheck Iwwerreechung 2018

Den 19. Dezember 2018 war et nees un der Scheck Iwwerreechung u verschidden Organisatiounen. Et ass dem Gemengerot eng grouss Éier fir hiren onermiddlechen Asaz ze honoréieren an ze ënnerstëtzen. Dëst Joer sinn d' Donen u folgend Organisatiounen gaang: Plooschter Projet, Friendship Luxembourg, ASA asbl "E Stopp fir de Mupp" an SOS Faim Luxembourg.

 

Een Don an der Héicht vun 1000€ huet de Buergermeeschter, Armand Schuh, der Madamm Brever vum Plooschter Projet iwwerreecht.

http://www.plooschterprojet.com/


Den Här Elvinger vu Friendship Luxembourg krut eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1360€, den Erléis vun Nationalfeierdag.

https://friendship.ngo/luxembourg/


 D' Madamm Nash vun der ASA asbl "E Stopp fir de Mupp" krut ee Scheck an der Héicht vun 1000€ iwwerreecht.

https://www.asa-asbl.com/


An ee leschten, awer dofir och kee schlechte, Scheck an der Héicht vun 2000€, huet den Här Buergermeeschter dierfen der ONG SOS Faim Luxembourg iwwerreechen.

https://www.sosfaim.lu/

 

 

 

Chèque Iwwerreechung

Am Kader vun der Sëtzung fir de Budget ze stëmmen,  ass et schonns eng Traditioun fir Chèquen un Organisatiounen ze iwwerreechen déi sech fir verschidde gutt Zwecker asetzen. De frësch vereedegte Buergermeeschter, Armand Schuh, huet sech immens gefreet fir Donen u folgend Organisatiounen ze verginn:

  • Association nationale des victimes de la route (1000€)
  • Op der Schock a.s.b.l. (1000€)
  • Le soleil dans la main a.s.b.l. (1477,10€)
  • ONGD-FNEL (2000€)

 

Sécherlech ass de Montant just eng Drëps op de waarme Steen, déi d' Gemenge Finanzen sécherlech nit staark schiedegt. Mee fir déi verschidden Organisatiounen zielt all Drëps. Mir denken, dass dank Bénévolat an dank sou Initiativen des Welt ee Stéckchen besser ass.

 

 

 

Inauguratioun vun der neier Buvette an den neie Vestiairë um Essig

Den Daaschdeg, de 17. Oktober 2017 ass déi offiziell Aweiung vun der neier Buvette an den neie Vestiairë um Essig zu Ell.

An dësem Kader gëtt um 19:00 ee Match ugepaff vun de Lëtzebuerger U19 géint d' U19 vum Montenegro.

Dir sidd häerzlechst invitéiert fir dës flott Geleeënheet mat eis ze verbréngen.

 

 


 

Inauguration Maison Relais et Hall Sportif

De Campus Fräschepillchen huet seng 2 lescht Puzzle Stécker grad fonnt. Et ass elo kee Puzzle méi, mee eng Realitéit. Een Duerfkär mat allen Facilitéiten déi engem an de Kapp kommen : Ausbildung a Kannerbetreiung, -Sport, -Kultur, -Famill .

Entdeckt eis nei Sportshal an déi nei Maison Relais.

De 15. September gouf dat neit Gebai ageweit 

Déi Eller Gemeng hat déi grouss Freed déi nei Sportshal an déi nei Maison Relais anzeweien. Memberen aus der Regierung, Lokalpolitiker vun den Nopeschgemengen, all déi Persounen wou um Projet bedeelegt waren, zesumme mat den Awunner aus der Gemeng Ell kruten d'Geleeënheet d' Gebai ze entdecken. No dem Rondgang ass déi feierlech Zeremonie an der Sportshal ofgehale ginn. D' Feier gouf clôturéiert bei engem gudde Patt an engem leckere Maufel am Centre Camille Ney.

Camille Gira, Jos Thill, Claude Meisch, Marc Hansen et Romain Schneider sur l'inauguration de la nouvelle maison relais et du nouveau hall sportif à Ell 


Découvrez notre nouveau Hall Sportif et la nouvelle Maison Relais.

 

Hall Sportif

Maison Relais

Découvrez la nouvelle maison relais, le nouveau hall sportif et le centre entier du village Ell dans une nouvelle perspective. 

 D' Bauaarbechten am Schnell-Duerchlaf

 

Actualité

  • Default
  • Title
  • Date
  • Random