Calendrier
Theater zu Ell - D'Klengelcherter Patent
Dimanche 02 Février 2020, 18:00
D’Musek Gemeng Ell spillt :
D’Klengelcherter Patent
De Justin Boucher, Klengelcherter Jong, huet seng Zänndokteschpraxis an der Noutemerstrooss.
Hien huet trotz senge medezineschen Etüden säin handwierklechen Interessi – de Papp war Schlässer, de Grousspapp Schmadd – ni verheemlecht.
Esou ass et net verwonnerlech dass dem Justin d’Iddi kënnt fir en neiaartegen Apparat ze bastelen mat dem hien sech erhofft méi Clientèle an d’Praxis ze kréien.
Seng aner Passioun nieft handwierklechem Bastelen si flott Fraen –do bréngt de Justin souguer Feigefill mat an d’Spill.
Natierlech zitt de Justin mat senger revolutionärer Erfindung – engem Implantatiounsapparat fir Zänn – och Jalousie op sech, an d’Konkurrenz mécht sech Suergen ëm d’eegent Geschäft.
Eng turbulent Komedie iwwer kleng a grouss Problemer mam Gebéck.... a wéi jidderee vun eis mat méi oder manner grousser Begeeschterung mol bei den Zänndokter muss....
Et spillen:
Laurent Schaus | Dr. Justin Boucher |
Martine Wolff | Odette Boucher |
Denise Glodé | Francine |
Raymond Wolff | Dr. Tom Schiltz |
Cédric Coljon | Daniel Malherbe |
Henri Rasqué | Fernand Ackermann |
Raymond Jans | Karel Stomp |
Michèle Feltgen | Madame Müller |
Antonia Schmit | Samantha Jacoby |
Emilie Fetler | Lucie Roller |
Julie Klein | Madame Mergen |
Claude Hilbert | Här Sagishi |
Liz Klein | Boma Sagishi |
Lieu Centre Camille Ney Ell