2020-01-09 - Distribution sachets Valorlux

Ausdeele vu Valorlux Tuten

Eng gutt Noriicht fir vill Leit, an Zukunft braucht dir nit extra op d'Gemeng ze rennen, fir just ee Rouleau blo Tuten (Valorlux) sichen ze kommen.

De Schäfferot huet decidéiert dass 2 mol am Joer, jeeweils 2 Rouleauen der bloer Tuten un all Stot verdeelt ginn. Dëst wäert am Mäerz an am September geschéien, dee Moment wou de Gemengebuet Inform' Ell ausgedeelt gëtt.

Natierlech kënnt dir op d' Gemeng nach Tute siche kommen, sollten déi 4 Rouleauen pro Joer nit duergoen.

Mir wollten Iech och matdeelen, dass fir déi gro Poubelle keng nei Vignette verschéckt ginn, vu dass d'Ëmstellung op déi nei Poubelle jo virun der Dier steet. Dir kritt och nach weider Informatiounen dozou an noer Zukunft.

 


 

2019-12-11 Mateneen fir eng modern Gemeng

är Meenung ass gefrot

 
"mateneen fir eng modern Gemeng" ass de Slogan vum Inneministère am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz. Dir, léif Bierger, sidd elo gefrot fir iwwer folgenden Internetsite är Meenung matzedeelen wéi déi Lëtzebuerger Gemengen solle muer funktionéieren.
 

 

La commune de demain, votre avis est demandé

Après avoir demandé les avis des politiciens et fonctionnaires communaux, la parole est donnée aux citoyen-ne-s par la voie d'une consultation en ligne portant sur la participation de la population dans la  démocratie locale et la vie en commun.
Partager via le lien suivant à cette consultation en ligne.

Raider - Online