Klimapakt 2.0
E groussen Erfolleg fir eis Gemeng: Mir goufen zu Saas-Fee an der Schwäiz mam European Energy Award Gold ausgezeechent! Domat ziele mir zu den 58 europäesche Stied a Gemengen, déi 2025 fir hire besonnesche Bäitrag zum Klima- an Ëmweltschutz geéiert goufen.
De European Energy Award Gold ass déi héchst Auszeechnung am europäesche Programm fir kommunale Klimaschutz. Nëmmen déi Gemengen, déi méi wéi 75 % vun de méiglechen Energie- a Klimaschutzmoossnamen ëmgesat hunn, kréien dëse Gold-Label.
D’Zeremonie huet am Kader vum internationalen EEA-Gold-Event zu Saas-Fee stattfonnt. D’Gaaschtgemeng Saas-Fee – selwer zënter Joren „Energiestad Gold“ – huet e spannende Kader gebueden mat Fachveranstaltungen an Exkursiounen zu innovativen Energieprojeten, wéi zum Beispill d’autofräit Duerf, d’Fernwärmeversuergung oder de Mattmark-Staudamm.
Mir si ganz houfreg op dës Auszeechnung a soen e grousse Merci un all déi, déi sech an eiser Gemeng mat vill Engagement fir eng nohalteg Energie- a Klimapolitik asetzen. Dëse Präis ass eng wichteg Unerkennung an och en Usporn, de Wee Richtung Klimaneutralitéit konsequent weiderzegoen – fir eng liewenswäert a klimafrëndlech Zukunft.

Klimapakt am Réidener Kanton
Di 10 Gemenge vum Réidener Kanton maachen zënter 2013 beim 1te Klimapakt mat. D’Zil ass fir um Territoire vum Réidener Kanton méi nohalteg mat eise Ressourcen ëmzegoen a méiglechst vill CO2 anzespueren. Dëst soll erfolgen duerch: Eng besser Notzung vun der Energie (Energieeffizienz) méi erneierbar Energien An all Gemeng ass ee Klimateam aktiv, wou nieft politeschen an administrative Gemenge-Vertrieder och Bierger dra vertruede sinn. An dësem Team gi Klimaschutz-Moosnamen an der Gemeng ausgeschafft. Fir méi Informatiounen:
Facebook: Klimapakt Réidener Kanton
Les 10 communes du Canton de Redange ont signé le 1er Pacte Climat en 2013. L’objectif est de mieux préserver nos ressources naturelles et de réduire les émissions de gaz à effet de serre sur tout le territoire du Canton de Redange. Ceci est réalisé par : une meilleure utilisation de l’énergie plus d’énergies renouvelables Dans chaque commune, un « Klimateam » est actif, où des représentants politiques, des membres du personnel administratif et des citoyens sont membres. Dans ce Klimateam, des mesures de protection du climat sont élaborées pour la commune. Pour plus d’information :
Facebook : Klimapakt Réidener Kanton


