6. November 2025, Saas-Fee (CH)
E groussen Erfolleg fir eis Gemeng: Mir goufen zu Saas-Fee an der Schwäiz mam European Energy Award Gold ausgezeechent! Domat ziele mir zu den 58 europäesche Stied a Gemengen, déi 2025 fir hire besonnesche Bäitrag zum Klima- an Ëmweltschutz geéiert goufen.
De European Energy Award Gold ass déi héchst Auszeechnung am europäesche Programm fir kommunale Klimaschutz. Nëmmen déi Gemengen, déi méi wéi 75 % vun de méiglechen Energie- a Klimaschutzmoossnamen ëmgesat hunn, kréien dëse Gold-Label.
D’Zeremonie huet am Kader vum internationalen EEA-Gold-Event zu Saas-Fee stattfonnt. D’Gaaschtgemeng Saas-Fee – selwer zënter Joren „Energiestad Gold“ – huet e spannende Kader gebueden mat Fachveranstaltungen an Exkursiounen zu innovativen Energieprojeten, wéi zum Beispill d’autofräit Duerf, d’Fernwärmeversuergung oder de Mattmark-Staudamm.
Mir si ganz houfreg op dës Auszeechnung a soen e grousse Merci un all déi, déi sech an eiser Gemeng mat vill Engagement fir eng nohalteg Energie- a Klimapolitik asetzen. Dëse Präis ass eng wichteg Unerkennung an och en Usporn, de Wee Richtung Klimaneutralitéit konsequent weiderzegoen – fir eng liewenswäert a klimafrëndlech Zukunft.
Méi Informatioune fannt Dir ënner www.european-energy-award.org





