Inform’Ell n°3/2026
Afterwork & Late Night Shopping « Op der Schock » – 15/10/2026

!! SOLD OUT !! Éischt Hëllef fir mental Gesondheet – 12/10 + 15/10 + 19/10 + 22/10/2026
REPAIR CAFÉ 2026 am Kanton Réiden – Samschdes de 17/10/2026 zu Foulscht

Sauna-Event Oktoberfest Réidener Schwämm – 16/10/2026

Kids Club Carnaval Réidener Schwämm – 13/03/2027

Sauna-Event Carnaval Réidener Schwämm – 26/02/2027

Gemengerot vun Ell wielt en neie Schäfferot / Le conseil communal d’Ell élit un nouveau collège des bourgmestre et échevins
No der Demissioun vum aktuelle Buergermeeschter Henri Rasqué ass am Gemengerot vum 15. Juli 2026 een neie Schäfferot gewielt ginn.
De Claude Schmit gouf als neie Buergermeeschter gewielt. De Kim Müller bleift éischte Schäffen, an de Steve Gereke iwwerhëlt de Poste vum zweete Schäffe vum Denise Glodé.
Den neie Schäfferot wäert déi lafend Projeten am Interessi vun der Gemeng Ell mat Kontinuitéit an Engagement weiderféieren.
E grousse Merci un den Henri Rasqué an d’Denise Glodé fir hiren engagéierten Asaz fir eis Gemeng.
All Detailer fannt Dir am offizielle Communiqué.
Claude Schmit a été élu comme nouveau bourgmestre. Kim Müller reste premier échevin, tandis que Steve Gereke reprend la fonction de deuxième échevin occupée jusqu’à présent par Denise Glodé.
Le nouveau collège des bourgmestre et échevins poursuivra les projets en cours avec continuité et engagement, dans l’intérêt de la commune d’Ell.
Un grand merci à Henri Rasqué et Denise Glodé pour leur engagement au service de notre commune.
Tous les détails sont disponibles dans le communiqué officiel.


Claude Schmit

Kim Müller

Steve Gereke
Grün-, Strauch- und Heckenschnitt 2026 / Déchets verts 2026

PowerYoga – PILATES mam Claude an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Ell – ab dem 25. Februar ëmmer Mëttwochs vun 19:00 bis 20:15
D’Gemeng Ell krut den European Energy Award Gold
6. November 2025, Saas-Fee (CH)
E groussen Erfolleg fir eis Gemeng: Mir goufen zu Saas-Fee an der Schwäiz mam European Energy Award Gold ausgezeechent! Domat ziele mir zu den 58 europäesche Stied a Gemengen, déi 2025 fir hire besonnesche Bäitrag zum Klima- an Ëmweltschutz geéiert goufen.
De European Energy Award Gold ass déi héchst Auszeechnung am europäesche Programm fir kommunale Klimaschutz. Nëmmen déi Gemengen, déi méi wéi 75 % vun de méiglechen Energie- a Klimaschutzmoossnamen ëmgesat hunn, kréien dëse Gold-Label.
D’Zeremonie huet am Kader vum internationalen EEA-Gold-Event zu Saas-Fee stattfonnt. D’Gaaschtgemeng Saas-Fee – selwer zënter Joren „Energiestad Gold“ – huet e spannende Kader gebueden mat Fachveranstaltungen an Exkursiounen zu innovativen Energieprojeten, wéi zum Beispill d’autofräit Duerf, d’Fernwärmeversuergung oder de Mattmark-Staudamm.
Mir si ganz houfreg op dës Auszeechnung a soen e grousse Merci un all déi, déi sech an eiser Gemeng mat vill Engagement fir eng nohalteg Energie- a Klimapolitik asetzen. Dëse Präis ass eng wichteg Unerkennung an och en Usporn, de Wee Richtung Klimaneutralitéit konsequent weiderzegoen – fir eng liewenswäert a klimafrëndlech Zukunft.
Méi Informatioune fannt Dir ënner www.european-energy-award.org


Labomobile – un service de biologie médicale itinérant et de proximité


