Eng gutt 3. Plaz am Concours « E Stopp fir de Mupp » – Am Réidener Kanton gi Korkestëpp fir d’ASA a.s.b.l. gesammelt

Dernière modification le 19/11/2026
🇱🇺 🌟 Eng flott 3. Plaz fir d’Schoul an d’Maison Relais Ell! 🌟
Dank dem groussen Engagement vun de Kanner, den Elteren an alle Leit, déi fläisseg Korkestëpp gesammelt hunn, hunn d’Schoul an d’Maison Relais Ell beim Concours „E Stopp fir de Mupp“ vun der ASA a.s.b.l. eng exzellent 3. Plaz erreecht! 🏆
Zu Ell eleng goufen 333 kg Korkestëpp gesammelt. Zesumme mat den anere Gemengen aus dem Kanton sinn am Ganzen 3.008 kg zesummekomm, wat et erméiglecht huet, eng Spend vun 900 € fir de gudden Zweck ze maachen. 👏
D’Gemeng Ell gratuléiert der Schoul an der Maison Relais zu dësem flotte Resultat a seet villmools Merci un all Biergerin a Bierger, déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn. All eenzele Korkestopp huet dozou bäigedroen, datt dëse Succès méiglech gouf. ❤️
Besonnesch schéin ass et, datt d’Kanner duerch dës Initiativ op eng konkret Aart a Weis d’Wäerter vu Solidaritéit, Zesummenhalt an Engagement kennegeléiert hunn.
📢 D’Aktioun geet och dëst Schouljoer weider. Mir encouragéieren jiddereen, och an Zukunft Korkestëpp ze sammelen an esou zu dëser flotter Initiative bäizedroen.
All Korkestopp zielt! Merci fir Är Ënnerstëtzung! 💚♻️
🇫🇷 🌟 Une belle 3e place pour l’École et la Maison Relais d’Ell ! 🌟
Grâce au formidable engagement des enfants, des parents et de toutes les personnes qui ont collecté avec enthousiasme des bouchons de liège, l’École et la Maison Relais d’Ell ont remporté une excellente 3e place au concours « E Stopp fir de Mupp » organisé par l’ASA a.s.b.l. 🏆
À Ell, 333 kg de bouchons de liège ont été récoltés. Ensemble avec les autres communes du canton, ce sont 3.008 kg qui ont été collectés, permettant ainsi de réaliser un don de 900 € en faveur de cette belle cause. 👏
La Commune d’Ell félicite chaleureusement l’École et la Maison Relais pour ce magnifique résultat et adresse un grand merci à toutes les citoyennes et à tous les citoyens qui ont soutenu cette action. Chaque bouchon a contribué à ce succès collectif. ❤️
Il est particulièrement réjouissant de constater que cette initiative a permis aux enfants de découvrir concrètement les valeurs de solidarité, d’entraide et d’engagement.
📢 Cette action se poursuit également durant cette année scolaire. Nous encourageons chacun à continuer de collecter des bouchons de liège afin de contribuer à nouveau à cette belle initiative.
Chaque bouchon compte ! Merci pour votre soutien ! 💚♻️

Des articles de la même catégorie