Chèque Iwwerreechung
Am Kader vun der Sëtzung fir de Budget ze stëmmen, ass et schonns eng Traditioun fir Chèquen un Organisatiounen ze iwwerreechen déi sech fir verschidde gutt Zwecker asetzen. De frësch vereedegte Buergermeeschter, Armand Schuh, huet sech immens gefreet fir Donen u folgend Organisatiounen ze verginn:
- Association nationale des victimes de la route (1000€)
- Op der Schock a.s.b.l. (1000€)
- Le soleil dans la main a.s.b.l. (1477,10€)
- ONGD-FNEL (2000€)

Sécherlech ass de Montant just eng Drëps op de waarme Steen, déi d' Gemenge Finanzen sécherlech nit staark schiedegt. Mee fir déi verschidden Organisatiounen zielt all Drëps. Mir denken, dass dank Bénévolat an dank sou Initiativen des Welt ee Stéckchen besser ass.
Les bureaux de l'administration communale sont fermés du 25 décembre 2017 au 2 janvier 2018 inclus.



