Calendrier

Virowend National Feierdag
Début Jeudi 22 Juin 2023 -  18:00
Fin Vendredi 23 Juin 2023 - 03:00

Fête National

Mir sinn houfrig, de “green events Logo” kritt ze hunn, wëll mer een nohaltegt Fest organiséieren, fir esou wéinig wéi méiglich Ressourcen ze verbrauchen. An dass mer lokal, regional a Bioproduiten hunn, esou wéi recycléierten Pabeier fir Flyeren an och recycléiert Zerwéiten benotzen.

Des weideren biede mer iech, léif de Visiteuren, de richtegen Tri bei de bezeechente Poubellen anzehalen, esou dass Mülltrennung korrekt ass.

Green Events ass e Projet, deen op Initiative vum Ëmweltministère, Klima an nohalteg Entwécklung lancéiert gouf, a gëtt vum Oekozenter Pafendall ASBL an der SuperDrécksKescht geréiert.

Méi Informatiounen op www.greenevents.lu

Merci fir är Mathëllef

 ------------------------------------------------------