Vélo

de Vëlo an der Gemeng Ell

Vill Leit aus der Gemeng fuere gär Vëlo, an dat freet eis !

Verschidden Uertschafte vun der Gemeng hunn de Privileg, dass ee kann entscheeden ob ee just duerch dat flaacht Guttland wëll fueren, oder awer an d’ Éisléker Koppen oder eppes dertëschen. Zu Rued gesäit et well anescht aus, do muss ee schonns bereet si fir ze drécken oder et muss ee mat engem Hëllefsmotor fueren. Dofir ginn déi Rieder awer mat fantasteschen Aussiichte belount.

Et ass leider nach nit iwwerall méiglech fir iwwer geséchert a getrennte Vëlosweeër hei am Eck ze fueren, mee trotzdem ass well Villes geschitt.

Et gouf mat der Aktioun “L’ Ouest du Luxembourg à vélo” eng flott Kaart erstallt mat all de Vëlosweeër aus dem ganze Kanton an doriwwer raus.

Bestehend Feldweeër goufen ausgeschëldert als lokal Vëlosweeër fir dass mir bal ongestéiert Richtung national Vëlospiste fuere kënnen. Natierlech dierfen op dëse Weeër weiderhin landwirtschaftlich Maschinne fueren, an natierlech leien déi Weeër nit ëmmer optimal fir egal wou hin ze fueren.

 Oft ass et awer well eng super Léisung ! wéi zb fir vun Ell op Réiden ze kommen, fiert ee bequem a sécher hannen iwwer de wonnerschéine Bann an et muss ee keng Angscht méi hunn an der schmueler Bam Allée.