Solar Challenge

Solar Challenge

 
Et ass de Verdéngscht vun eise Bierger a speziell och eise Baueren, dass d' Gemeng Ell de Solar Challenge an der Kategorie "quantitatif" fir sech entscheede konnt. De "Prorata" vun der nei installéierter Photovoltaïque Leeschtung zu de Wunngebaier, tëschen dem 1te Juli 2019 an dem 1 Mäerz 2021, louch bei eis an der Gemeng am héchsten.
De Réidener Kanton konnt déi regional Wäertung fir sech entscheeden.
D' Gemeng Kiischpelt gouf mat hirem „Solar Wandrad“ nominéiert als Gewënner vun dem Defi fir den innovatiivste Projet.
Mir haten déi grouss Éier, dass d' Madame Minister, Carole Dieschbourg (Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable) an den Här Minister, Claude Turmes (Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire) de 16. September 2021 op Ell koumen, fir eis an deenen aner 2 Gewënner ze felicitéieren.
De Gewënner konnt mat Myenergy ee Video ophuelen fir d' Thema Photovoltaïque ervirzehiewen an ze valoriséieren. Dir fannt de Video just iwwert dësen Zeilen.
Fir dass mir an enger noer Zukunft vun de fossille Brennstoffer fortkommen, musse mir all nach eng Schëpp drop leeën an nach méi PV Anlagen installéieren.
Mir erënneren drun dass dir zousätzlech zu de Staats Subsiden och nach eng uerdentlech Hëllef vun der Gemeng bäigesteiert kritt. Anlagen mat Eege-Versuergung ginn ëmmer méi interessant, dëst hu mir well méi oft héieren. Mir wäerten et nit verpassen Iech och zu dësem Thema weider Informatiounen zoukommen ze loossen.
Den Energie Atelier zu Réiden a Myenergy stinn Iech mat kompetenter Berodung, déi zudeem nach gratis ass, zur Verfügung!