KLIMAPAKT 2.0

Klimapakt 2.0

Nodeems d' Gemeng Ell am Joer 2020 mat dem Gold Label de Klimapakt 1.0 ofschléisse konnt, louch et natierlech op der Hand fir och nees am Klimapakt 2.0 matzemaachen.

Et gëtt nitt méi einfach mat dem Klimpakt 2.0, au contraire de Klimapakt 2.0 ass méi streng an appelléiert d' Gemengen aktiv ze ginn am Klimaschutz an awer och schonns am Beräich Klima Upassung. Jo, de Klima Wiessel ass jo schonns leider staark spierbar an eise Breedegraden.

 

Déi Eller Gemeng ass houfreg drop, dass mir am Audit 2023 déi 75 Prozent just knapp verfeelt hunn, dëst mécht eis Hoffnung fir schnell nees d'Gold Medaile ze kréien. Mir dieren eis zanter Februar 2023 mat folgendem Logo vum Klimapakt ausweisen.

 

 

 


Klimapakt am Réidener Kanton


Di 10 Gemenge vum Réidener Kanton maachen zënter 2013 beim 1te Klimapakt mat. D’Zil ass fir um Territoire vum Réidener Kanton méi nohalteg mat eise Ressourcen ëmzegoen a méiglechst vill CO2 anzespueren. Dëst soll erfolgen duerch: Eng besser Notzung vun der Energie (Energieeffizienz) méi erneierbar Energien An all Gemeng ass ee Klimateam aktiv, wou nieft politeschen an administrative Gemenge-Vertrieder och Bierger dra vertruede sinn. An dësem Team gi Klimaschutz-Moosnamen an der Gemeng ausgeschafft. Fir méi Informatiounen:

https://www.klima.lu

Facebook: Klimapakt Réidener Kanton

https://www.pacteclimat.lu


Les 10 communes du Canton de Redange ont signé le 1er Pacte Climat en 2013. L’objectif est de mieux préserver nos ressources naturelles et de réduire les émissions de gaz à effet de serre sur tout le territoire du Canton de Redange. Ceci est réalisé par : une meilleure utilisation de l’énergie plus d’énergies renouvelables Dans chaque commune, un « Klimateam » est actif, où des représentants politiques, des membres du personnel administratif et des citoyens sont membres. Dans ce Klimateam, des mesures de protection du climat sont élaborées pour la commune. Pour plus d’information :

https://www.klima.lu

Facebook : Klimapakt Réidener Kanton

https://www.pacteclimat.lu


Contact : Stéphane Devillet 43, Grand-Rue L-8510 Redange /Attert T: 2833 - 4420

klima@klima.lu